Wëlkomm bei eis an der Brasserie Restaurant „Am Duerf"
Eng Plaz fir gutt Iessen a schéin Amenter.
Mëtten am Häerz vu Käl begréisse mir Iech an eiser Brasserie Restaurant, wou Traditioun a moderne Goût sech treffen. Huelt Plaz, fillt Iech wuel a loosst et Iech schmaachen.
Eis Kaart
Vun Entrée bis Dessert fannt Dir op eiser Kaart eng Auswiel u Platen, déi fir gemittlech Momenter a gutt Gesellschaft gemaach sinn.
Nieft eiser traditioneller Kaart proposéiére mir während der Woch och Dagesplaten, déi reegelméisseg variéieren.
Zousätzlech preparéiert eise Chef all Mount nei Suggestiounen, déi jee no Saison an Inspiration zesummegestallt ginn.
Eis Ëffnungszäiten
Méinden: 12:00 – 14:00 / 19:00 – 21:30
Dënschden & Mëttwoch: zou
Donneschden: 12:00 – 14:00 / 19:00 – 21:30
Freiden: 12:00 – 14:00 / 19:00 – 21:30
Samschden: 12:00 – 14:00 / 19:00 – 21:30
Sonnden: 12:00 – 14:00 / 19:00 – 21:30
Privat Gruppen & Feieren
Sicht Dir eng gemittlech Plaz fir eng Feier mat Famill, Frënn oder Kollegen? Bei eis „Am Duerf“ kënnt Dir eis Salle Fondue & Pierrade als private Raum reservéieren. Ideal fir Gruppen bis zu 30 Persounen.
Egal ob Gebuertsdag, Hochzäit, Familljefeier oder Firmeniessen:
Mir bidden Iech verschidde Méiglechkeeten, vun à la carte iwwer individuell Menüen bis hin zu Fondue, Raclette oder Pierrade.
Fir eis ass „Am Duerf" ...
net nëmmen eng Plaz wou zesumme giess gëtt, ma och eng Plaz wou zesumme gelaacht gëtt, gefeiert gëtt. Wou jiddereen sech wuel, a wéi doheem fillt.
